Back to All Events

On Stéitsch

  • Rotondes 62 Rue de Bonnevoie Luxembourg, Luxembourg, 1260 Luxembourg (map)

Den « On Stéitsch » ass erëm zréck…

…zu Bouneweg an de Rotonden - do wou de Festival virun 8 Joer gebuer ginn ass.

Den OnStéitsch as natierlech ee Jugendfestival bliwwen: Och dëst Joer weisen erëm iwwer 200 Jonker sech a seng Kënschten engem breede (gemëschtem) Publikum.

Den OnStéitsch as ee Cross-over Festival: Niewent 3 Musék- an Danzbühnen, wou s du méi oder manner bekannte Formatiounen aus sëlleche Stiler live erliewe kanns, kanns du och nach eng Hellewull u Stänn a verschidde Konschtexponater entdecken.

Donieft kanns du awer och selwer aktiv ginn, andeems du di eng oder aner Sportaktivitéit ausprobéiers oder un engem vun de Workshopen deel hëls.

Oder komm mat denge Kollege laanscht a genéisst einfach di relax Ambiance vun dësem Festival.

 

„You’re welcome!“

 

Earlier Event: September 18
Nordic Rock
Later Event: December 26
10 Years - FEHL-TRITT --- X-mas Rock