Back to All Events

Nightmare before Xmas


  • café hohener stuff 24 Rue Principale Steinfort, Luxembourg, 8365 Luxembourg (map)

Virun de Feierdeeg nach e klénge Concert am
Café Hoener Stuff zu Hoen

an daat och nach GRATIS!!!

D'Dieren vum Concert ginn op um 20:15
(De Café ass schon éischter op)

Lass geht et um 21:00


matt folgende Bands:

Den Ufank maachen d'Jongen aus
der Hoener Géigend, déi sech

ONLY 2 STICKS 

nennen. Matt alternativem Rock
wäerten sie dann d'Leit fir den Owend opwiermen.

Den Metteldeel iwwerhuelen déi
düster awer fein Gestalten aus dem Süden,
déi sech

HEAVEN'S SCUM 

nennen. Matt hierem Metal wäerten sie
den Adrenalin vun de Leit dann nach eng Kéier
erop drécken.

Den Ofschloss vum Owend iwwerhuelen dann
déijeeneg, déi matt hierem Piratescheff vun der Musel
bis op déi aner Sait vum Land schwammen, fir zu Hoen
virun Anker ze goen an sech

FEHL-TRITT

nennen. Matt hierem Punkrock ronnen sie den Owend
dann gemütlech op hier Art a Weis of.


D'Bands am Iwwerbléck matt hieren eegenen Beschreiwungen:

- Only 2 Sticks ('Alternative Rock') 21:00h

- Heaven's Scum ('Metal from the darkest place on earth') 22:15h

- Fehl-Tritt ('Musel Punkrock matt Charakter a Gefill') 23:30h

Earlier Event: September 8
Fehl-Tritt um Maacher Wainfest
Later Event: June 22
FÊTE NATIONALE @ HOLY GHOST